Schüler aus dem Vauban-Lycée an der Projektioun vum Dokumentarfilm « Schwaarze Mann »

Op Initiativ vum Här Madert an ënner Begleedung vun den Hären Gury, Oswald a Madeira sinn e Freideg den 23. Februar d’Studente vun der Lëtzebuerger Optioun vun 2nde, 1ère an Terminale op Diddeleng an den CNA gefuer op d’ Avant-Première vun engem Dokumentarfilm ze gesinn am Kader vum dësjärege “ Lux Film Festival “: « Schwaarze Mann » (Un noir parmi nous). Desen Dokumentarfilm vum Fränz Hausemer erzielt d’Geschicht vum éischte Schwaarze Lëtzebuerger, dem Jacques Leurs. De Realisateur war och dobei : mir konnten him dann zum Schluss Froen stellen. RTL Televisioun war dann och fir d’Projektioun do an si hunn eis nom Film interviewéiert. Dorop hunn e puer Schüler a Profen en Débat ugefaang zum Film awer méi genee zum Thema « Integratioun ».

Am Joer 1910, ass de Jacques Leurs an der Republik Kongo gebuer. Sain Papp war e wäiss Lëtzebuerger, deen am belschen Kongo an enger Gummi Plantage geschafft huet fir Fortune ze maachen. Dem Jacques seng Mamm ass eng Kongolesin.

1912 ass de klengen Jacques Leurs mat sengem Papp op Lëtzebuerg komm an ass bei senge Grousselteren opgewuess. Saï Papp ass zeréck bei seng Mamm an den Kongo gaangen. Et war déi leschte Kéier wou de Jacques Leurs seng Elteren gesinn huet. Sou ass de Jacques Leurs ass éischte Schwaarze Lëtzebuerger zu Lëtzebuerg opgewuess. Dëse Film schwätzt och iwwert de Kolonialismus. Lëtzbuerg hat net direkt eng Kolonie maisï konnt dank der Belsch vum Kongo profitéiren. Een anere Sujet vun dësem Dokumentaire ass de Rassismus ënner deem de Jacques Leurs gelidden huet. Domat war et nach net fäerdeg :1939 huet Däitschland Lëtzebuerg besat. An säi Liewen war nach méi a Gefor. Hie krut säi Pass ofgeholl, saï Bestiedniss mam Léonie Leurs gouf net ugeholl, hien huet seng Arbechtsplaz op der Bunn verluer an gouf souguer bal steriliséiert. Dat huet hie fuerchtbar markéiert an hie wollt vun do un keng Kanner méi hunn.

 

De Jacques Leurs huet ugefaangen bei der Bunn ze schaffen an huet sech ëmmer weider erop geschafft, soudatt hie spéider Member vum Syndikat vun der Bunn gouf. Hie gouf ëmmer méi bekannt an aktiv. De Jacques Leurs war Staater Conseiller op der Stater Gemeng an hat sech vir d’Legislativ Wahlen präsentéiert . Hie sollt den éischte Schwaarze Mann an der Chamber ginn mais ass kuerz virun de Wahlen un Diabetes gestuerwen.

SHARE